Sporting Club Ell feiert 50. Geburtsdag


De Veräin kuckt stolz op en halleft Joerhonnert zrëck

Ell: Et war den 9. Mee 1971, wéi de Sporting Club Ell gegrënnt gouf. Wéi dat deemols esou war, ass bei null ugefaange ginn. Sportlich gesinn hat een e klenge Virdeel, wëll eng Reih Jongen an den Nopeschveräiner gespillt hun.Lues a lues huet de Veräin aus ell sech während dene vergaangene Joeren positiv entwëckelt a haut stolz an houffrig op en halleft Joerhonnert zrëck kucken. Duefir sin och am Laaft vun desem Joer vill Feierlichkeeten vom Organsisatiounscomité geplangt déi natiirlich duerch Civid- Kris et waerten nit einfach machen de Programm seou duerch ze féieren wéi dat virgesin ass. Sonndes, den 9. Mee, genee um 50. Geburtsdag, hat den Organisatiounscomité op eng kleng Feier um Terrain „um Essig“ invitéiert. Dëss Feier stung ganz am Zeechen vum merci a Respekt fir all déi Leit, déi wärend 50 Joer de lokale Sportsveräin esou grouss an dynamisch gemeet hun.A sengem kuerze Réckbléck huet den President Camille Godelet di 50 Joer Revue passéiere geloos.Hien huet sech bei der ganzer Fussballsfamill vun 1971 bis 2021 souwéi och bei der Gemeng ganz haerzlich bedankt. Och di dräi Éierebuergermeschteren, Ed Leyder(+), Robert Roder a Jos Thill kruten e grousse Luew ausgesprach fir hire groussaartige Support wärend all der Zäit. Uschléissend un eng Gedenkminutt, fir all verstuerwe Memberen a Veräinsleit, war et um Edy Graf an Henri Rasqué , déi op eng flott Aart a Weis den Interview iwwert d’Grënndungsjoer 1971 virgdroen hun, den 2006 vum Georges Even mam Jos Nothum realiséiert goufen. Uschléissend huet de President vum Sporting Club Ell, de Jean- Michel Wahl sämtliche Leit fir di 50 vergaangene Joeren, séi Merci ausgesprach an dem Jubilar fir d‘Zukunft vill Ausdauer an Erfolleg gewënscht. No senge Gratulatiounen un de Jubilarveräin, huet den heitige Buergermeeschter Armand Schuh och confirméiert, dat d’Gemeng Ell de Veräin och weiderhin géif ënnerstëtzen. Als Symbol a Merci gouf eng Lann vun 10 Joer nieft dem Terrain ugeplanzt an derbéi ass eng Plakett ubruecht gin, wou de Merci an de Respekt nach eng Kéier festgehaale gouf. Bei deser Jubiläumsfeier waren och mat derbéi: Zween Grënnungsmemberen, den Albert Even an den Ernest Coljon, den éischten Trainer Alex Even, den Éierebuergmeeschter Jos Thill, de Buergermeeschter Armand Schuh mat de Vertrieder aus dem Schäffen - a Gemengerot an d‘ Memberen vun denen zwéin Komiteeën vum S.C. Ell an den Organisatiounscomité. Ofschléissend ass op der Terrass vun der Buvette op 50 Joer Sporting Club Ell ugestouss gin. (CR)(FOTO: CHARLES REISER)